
Eis Hondsschoul „Geff Patt“ heescht all Hondsbesëtzer an all Hondsrass vun all Alter häerzlech wëllkomm. Samschdes an Sonndes sti Carole, Tasha, Laura a Filipe Iech zu dësen Zäiten zur Verfügung:
Samschdes
- 9:30–10:30 Auer: Ufänger
- 15:15–16:15 Auer: Profis
Sonndes
- 9:30–10:30 Auer: Welpen
Zesumme mat Iech schaffe mir un de Grondkommanden, an doduerch entwéckelt sech automatesch eng staark Mënsch-Hond-Bindung, déi duerch weider Übungen verstäerkt gëtt. Loscht kritt? Mellt Iech fir eng Schnupperstonn un!